Actualité

eReUse – Mobile Bag

Al Handyen, déi net méi gebraucht ginn, kënnen nach een gudden Zweck erfëllen.

 

Se kennen fir hier Materialien recycléiert ginn,
déi soss net méi an den Circuit erakommen oder engem aneren hëllefen.
An dësem Sënn huet d’Caritas an zesummenaarbecht mat digital-inclusion.lu ,
eng Aktioun gestart bei där een seng al Handyen, déi een net méi braucht, kann spenden.

An der Gemeng Fëschbech kann een an dësem Zesummenhang säin Handy an eng Enveloppe maachen, an ofginn fir en ze spenden.
Dobäi kënnt et net op den Alter vum Handy un oder ob all d’Accessoiren,

wéi zum Beispill de Chargeur, dobäi sinn.
Enveloppë kann een dann einfach op enger Sammelstell oder bei der Gemeng ofginn.

 

Beispill vun enger Enveloppe "Mobile Bag"

(kritt der bei eis op der Gemeng)


 

D’Handye ginn dann entweder, wann méiglech, gefléckt fir dass een se ka benotzen
deen drop ugewisen ass, oder sech selwer kee ka leeschten oder se gin recycléiert.
Den Handy get op Wierksastellungen zréckgesat, fir all Är Donnéeën ze läschen.

Falls dat net méiglech ass, gëtt en fachgerecht entsuergt an d’wäertvoll Ressourcë recycléiert.

 

Facebook: https://www.facebook.com/MobileBagLuxembourg