Actualité

ZESUMMEN KACHEN

Op Grond vun der rezenter Ëmfro iwwer d'Offer vu Coursen, proposéiert d'Integratiounskommissioun, vun der Fëschber Gemeng eng Aktivitéit "Zesummen Kachen".

Mir invitéieren Iech e gesellege Moment an der Kichen vum Veräinshaus op der Héicht ronderëm d'Entdeckung vun de verschiddene kulinaresche Kulturen vun den Awunner vun eiser Gemeng ze deelen.

Wann Dir un dëser Aktivitéit wëllt deelhuelen: Rendez-vous Dënschdes, den 24. September 2019 um 20 Auer am Veräinshaus op der Héicht zu Schous fir eng éischt Informatiounsversammlung.

Bei dëser Geleeënheet hunn all déi Interesséiert d'Méiglechkeet fir iwwert den Oflaf vun der Aktivitéit ze diskutéieren an déi nächst Rendez-vousen no der Disponibilitéit vum Lokal ze plangen.

D'Integratiounskommissioun