Actualité

Fotosconcours „Fëschbech – Wéi gesinn ech meng Gemeng?“

​​

Fotosconcours

„Fëschbech – Wéi gesinn ech meng Gemeng?"

D'Kultur- an d'Veräinskommissioun organiséiert, vum 1. Januar bis den 31. Dezember 2020, e Fotosconcours fir ALL BIERGER aus eiser Gemeng.

Thema ass « Fëschbech – Wéi gesinn ech meng Gemeng? ».

De Fotosconcours soll all Hobbyfotograf(in) oder Fotosfrënd(in) dozou bréngen iwwert d'Joer 2020 ze verbildleche wéi si/hien d'Gemeng Fëschbech gesäit. D'Zil ass et ze entdecken op wéi vill verschidden Aart a Weis'en, de Participant sech d'Ëmgéigend an d'Kultur zu eege mécht, an enger Serie iwwer 12 Méint.

Déi 12 Fotoe sollen an enger héijer Opléisung an am Format JPEG per e-mail (luss.brosius@acfischbach.lu) verschéckt ginn. Och besteet d'Méiglechkeet digital Fotoen op engem USB Stick op der Gemeng am Populatiounsbüro zu den üblechen Ëffnungszäiten ofzeginn.

De Concours ass ënnerdeelt an 2 Alterskategorie: Kanner/Jonker bis 15 Joer a Jugendlecher/Erwuessener ab 16 Joer.

D'Participatioun um Concours ass gratis.

D'Fotoe ginn enger Jury ënnerbreet, déi dann an all Kategorie déi beschte Serie an déi beschte Gesamtfoto eraussicht. D'Kompositioun vun der Jury gëtt zesumme mam Reglement vum Concours bekannt gemaach.

Nom Concours gëtt eng Ausstellung organiséiert wou d'Gewënnerfotoe gewise ginn. Och all déi aner Fotoe ginn dem interesséierte Publikum virgestallt.

Selbstverständlech ginn d'Gewënnerfotoe vun der Gemeng präméiert.

Fir um Concours deelzehuelen, mussen d'Participanten en Formulaire ausfëllen an ënnerschreiwen (erofzelueden op www.acfischbach.lu ) an dëse per Email bis den 31.1.2020 u folgend Adress schécken: luss.brosius@acfischbach.lu, resp. zu Fëschbech ob der Gemeng ofginn. All Participant gët eng Serië vun 12 Fotoen eran. Et gëllt maximum 1 Foto pro Mount pro Participant! D'Serië ass bis den 11. Januar 2021 eranzeginn.

Dat geneet Reglement fënnt een och ab dem 20. Dezember 2019 um Site vun eiser Gemeng.

Avis aux amateurs!

 Reegelen vum Fotosconcours 202​0