Actualité

Hämmelsmarsch 2020 - Chorale Fëschbech-Angelsbierg-Schous

​​​​


Chorale Fëschbech-Angelsbierg-Schous

 

Hämmelsmarsch 2020

 

            

Léif Awunner,

E Sonndeg ass Kiermes a mir sangen ëm 10.30 Auer zu Fëschbech eng feierlech Mass an der Kierch. Dir sidd ganz häerzlech invitéiert.

Den traditionellen Hämmelsmarsch duerch eis Dierfer fällt dëst Joer leider wéint der aktueller Corona-Pandemie aus. Mir wëllen eise Bäitrag dozou leeschten, datt de Virus sech net weider verbreet an als Chorale wëlle mir all deene Persounen eise Respekt an eis Solidaritéit ausdrécken, déi zënter Méint Dag fir Dag fir eis Gesondheet am Asaatz sinn.

Eng Kiermes ouni Hämmelsmarsch soll awer net traureg sinn. Déi traditionnel Weis vum Hämmelsmarsch hu mir fir Iech an Toun a Bild festgehaalen an Dir kënnt eise musikalesche Grouss um Internetsite vun der Fëschbecher Gemeng www.acfischbach.lu kucken a lauschteren.

Mir soen Iech Merci fir Ärt Versteesdemech a wénschen Iech eng schéi Kiermes.

Bleift gesond!  


-------------------------------------------------------------- 

Chers habitants,

Ce dimanche, 15 novembre 2020 nous fêterons la traditionnelle kermesse. A cette occasion nous chanterons à 10.30 h une messe en l'église de Fischbach à laquelle nous vous invitons cordialement.

En raison de la pandémie Covid-19 nous renonçons à la belle tradition de faire le tour dans les différents villages en chantant l'air traditionnel qui s'appelle « Hämmelsmarsch ». Cela est bien triste, mais avec ce petit geste nous voulons faire preuve de notre solidarité envers toutes ces personnes qui depuis des mois sont particulièrement sollicitées et qui apportent leur aide en toutes circonstances.

En espérant vous revoir en bonne santé nous vous invitons à regarder notre message musical sur le site de l'Administration communale de Fischbach: www.acfischbach.lu