Wien sinn d’Wiichtelcher vu Schous?
D’Wiichtelcher sinn Enn den 90er Joren aus den Pompjeeën vu Schous entstanen, wéi di 3 Corps’en aus eiser Gemeng zu dem Service d’Incendie de la Commune de Fischbach fusionéiert sinn.
E puer engagéiert Leit hu sech deemools zesumme gedoen an d’Wiichtelcher vu Schous gegrënnt
Member gi ka jiddereen, deen zu Schous wunnt, gewunnt huet, dohinner wunne kennt, oder sech op soss iergendeng Aart a Weis mat eisem schéinen Dierfchen verbonne fillt.
Ziel an Zweck vun de Wiichtelcher!
Éischten But wor et, déi al traditionell Fester, déi virdrun vun de Pompjeeën vu Schous organiséiert goufen oprecht ze erhalen an dofir ze suergen, datt des wieder gefouert ginn.
Mir sinn e familljefrëndlechen Veräin, sou datt den Gros vun eisen Aktivitéiten esou ausgeluecht ass, datt déi ganz Famill soll kennen drun deelhuelen.
An de leschten Joren ass awer nach e weidert ganz wichtegt Ziel derbäi komm. Eist Duerf ass méi grouss ginn, an ass nach ëmmer am Wuessen.
Mir als Wiichtelcher gesinn eng vun eisen Aufgaben doranner, fir de Kontakt ënnert eisen Matbierger ze förderen an ze fleegen, nom Motto: „Fir e gutt Zesummen an e bessert Mateneen“.
Mir wëllen wëssen wien mat eis an nieft eis an eisem schéinen Dierfchen wunnt, a wieren eis dergéint zu enger „anonymer Schlofuertschaft“ ze ginn, wou kee méi deen aneren kennt, a kee méi eppes mat deem aner ze dinn huet.
Dofir versichen mir Jonk an Aal, Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger a besonnesch eis nei Awunner zesummenzebréngen an an eis Duerfgemeinschaft ze integréieren.
A wéi kennt engem dat wuel besser geléngen, wéi wann een zesumme schafft an zesumme feiert.
Aktivitéiten vun de Wiichtelcher!
Buergbrennen (Buergsonndeg)
1. Mee (Meekranz) a Generalversammlung
Trëppeltour (ëmmer Ufank Juli)
Quetschekraut kachen a verkafen
Mir hunn och alt emol scho Viz gemaach, e Beaujolaisowend an och e Cabaretsowend organiséiert.
Mir sin awer och op fir all weider Proposen an nei Ideen.
Wéi kann ech Member gin?
Eng Memberskaart kascht 5 € op de Kapp oder 10 € fir eng ganz Famill fir e ganzt Joer. Kontaktéiert e vun eisen Comitésmemberen oder frot einfach e vun ären Noperen, dee scho Member ass. Oder nach besser, huelt einfach un enger vun eisen nächsten Aktivitéiten deel (d’Invitatiounen heifir ginn ëmmer an all Boîte zu Schous ausgedeelt).
Comité
Brosius Pol Präsident
Karier Marco Vize-Präsident
Scholtes Abbes Sekretär
Daems Mike Caissier
Frieden Georges Member
Putz Jean.Marie Member
Trost Christiane Member
Wou kennt den Numm Wiichtelcher hier?
Fréier hunn d’Leit dru gegleeft, datt an der Nuecht Wiichtelcher (deutsch: Wichtel, Heinzelmännchen; frz: lutin) kéimen, déi hinen bei hirer schwéierer Aarbecht um Haff an um Feld géifen hëllefen.
Wann een d’Haaptstrooss vu Schous op Fëschbech fiert, kann een riets uewen an engem Fiels een Lach, eng Hiel gesinn, déi genannt gëtt: “Wiichtelchers Lee”. Et gouf also ugeholl, datt die kleng fläisseg Gesellen do giffen hausen.
Am Café zu Schous (haut Haus Jacobsen N° 22 Haaptstrooss) gouf et an der Wiertsstuff och eng ganz Wandmolerei, wou lauter Wiichtelcher duergestallt woren, sou datt een scho ka behaapten, datt d’Wiichtelcher mam Duerf Schous verbonnen woren oder zumindest mol Thema woren bei de Leit.



Newsflash
Im Batz: route barrée du mardi 21/05 jusqu'au 31/05