
Nei Website "Rock op der Héicht"
Gëschter Owend ( 14.05.2011) war zu Schous op der Héicht eng méi lass, d'Rockmuseker haten sech do versammelt fir den éischten Rockconcert op der Héicht ze spillen.
D'Idii koum op, well d'Gemeng Fëschbech vill Jugendlecher huet, déi an hirer Fräizäit sech der Rockmusek verschriwwen hunn. Verantwortlech fir dëst Evenement war déi Fëschbecher Kulturkommissioun.Â
Rockmusek vum Feinsten ass gebuede ginn. Net manner wéi 6 Gruppen haten sech ugemellt. Lass ass et um 7 Auer gang, mat "One Last Breath", duerno géint 8 Auer war et un der Lokal-Ekip, "No Account for Taste" hunn de Sall un d'Biewe bruecht, Jong an Al ass net roueg stoe bliwwen wéi de Jim, de Ben an den Dan mat hire Kolleegen lass geluecht hunn. Eis Jonge waren super.Â
Duerno war et net einfach fir déi drëtt Grupp, "Inhuman Rampage" déi am leschte Moment fir "An Apple a Day" agespronge sinn. Vun dëser Plaaz en décke Merci un d'Jongen vun "Inhuman Rampage".Â
Mat "Faradays Cage" ass den zweeten Deel vum Rockowend ugaang. De Lokalmuseker Germain mat senger Band hunn d'Leit begeeschtert, éier den Top-Act vum Owend koum, "Birdbones" mat hirer charismatescher Sängerin Deborah Lehnen an de Museker Dan Kramp, Erik Stein a Jonas Neuser. De Sall war elo net méi ze halen, d'Leit waren aus dem Häischen, hu geklappt, gedanzt a waren einfach nëmmen gudd drop a wäerten den Optrëtt vun den "Birdbones" esou bal net vergiessen.Â
Als lescht Grupp war et un "The VV's", enger Coverband, déi den Owend mat gefälleger Rock-Musek ausklénge losst hunn.Â
Schon elo gi mer iech R-d-v. fir d'nächst Joer am Mée wann et erëm heescht "Rock op der Héicht", mat der Zouso vun de Gruppen "No Account for Taste", "Birdbones" an last but not least der Grupp "Inbornes", déi an hire Reihen de Jeff Braun vun Angelsbierg ziehlen.Â
Nach emol e grousse Merci un all déi, déi dozou bäigedroen hunn aus dësem Rockowend zu Schous op der Héicht en Event ze machen. D'Méi sollt net fir näischt gewiecht sinn, huet dach d'Buergermeeschtesch d'Marianne Brosius-Kolber de Fëschbecher Rockmuseker versprach, an noher Zukunft en Proufsall ze aménagéieren, kucke mer emol!








Newsflash
Im Batz: route barrée du mardi 21/05 jusqu'au 31/05