Actualité

Opruff un all Équipen-Sport-Begeeschtert Awunner aus der Fëschber Gemeng

D’Sportskommissioun aus der Gemeng Fëschbech mecht mat dësem Flyer een Opruff un all Équipen-Sport-Begeeschtert Awunner aus der Fëschber Gemeng fir sech erëm all Méindeg Owend tëscht 20h an 22h un verschiddenen Ball-Sportaarten an der FILANO’s Sportshal an der Fiels ze bedeelegen.

All Interesséiert Sportlerinnen a Sportler aus der Gemeng Fëschbech kënnen sech duerch folgenden Link https://t.me/joinchat/J3RdFkyl8UKnRB-8EqIIwA iwwert d’App “Telegram” aschreiwen fir sech iwwert de Spillplang ze informéieren.

Adress Sportshal „FILANO“:

Plateau Birkelt

L-7633 Larochette

An der Hoffnung vill motivéiert Sportler an der FILANO’s - Hal begréissen ze kënnen, verbleiwe mir mat beschten sportlechen Gréiss.

d’Sportskommissioun aus der Gemeng Fëschbech

 

Par la présente, la commission des sports de la commune de Fischbach fait appel à tous les amateurs de sport d’équipe de notre commune à participer à différents sports de balle dans le hall du FILANO à Larochette les soirs du lundi entre 20 et 22 heures.

Tous les sportifs intéressés de la commune de Fischbach peuvent s’inscrire et prendre connaissance du programme via le lien https://t.me/joinchat/J3RdFkyl8UKnRB-8EqIIwA en utilisant l’application de messagerie «Telegram».

Adresse centre sportif « FILANO » :

                Plateau Birkelt

                L-7633 Larochette

Dans l’espoir de rencontrer un grand nombre d’amateurs de sport dans le hall du FILANO, nous restons avec nos meilleures salutations sportives.

La commission des sports de la commune de Fischbach